Samschdes den 4. Dezember hunn mir eis Diere vir Iech op! Vun 09.00-11.30h si mir vir Iech do. Dir kritt frëscht Geméis vum Haff Muller-Lemmer vu Contern sou wei Charcuterie vum Bunte Bentheimer Schwäin 🙂 zudeem och all eis aner gewinnten Produiten wei Paté vum Limousin, Boeuf bourguignon, Boulettes façon Mamie & Papi, Sauce bolognaise, Hamburger, Cheeseburger, Mettwurschten, Grillwurschten, Cordon bleu pressé a Merguez a Wäinzoossiss vum Schof, alles vun der Salaison Meyer mat Fleesch vun eis gemaach. An och all déi aner regional Produiten fannt Dir bei eis, Jus vum Pretemer Haff, Nuddelen a Rapsueleg vun Dudel-Magie, Mëllech, Schockelasmëllech, Botter a Brie vun der Fair Mëllech, Jugurten a Glacë vun der Molkerei Thiry, frësch Wiseneeër vum Meyrishaff…

Foire Agricole 2021, op Besuch mam Olas um Stand vun der Salaison Meyer.