Fir den Oktober sinn folgend Fleeschboxen wou Dir bestellen kënnt 🙂
24./25. Oktober Fleeschboxen vum Bunte Bentheimer Schwäin:
- Colis choucroute; 1-1,5kg Fleesch (Gesolpertes, Speck, Wirschtercher a Mettwurschten) fir 38,75€; Dir kënnt och direkt d'Sauermous (Dëppchen 800g; 3,25€) vum Haff Müller-Lemmer mat dobäi bestellen. Natierlech mat engem leckeren an einfachen Rezept wei Dir Är Choucroute garnie zoubereeden kënnt.
- Bunte Bentheimer Grunz Box; 7kg Fleesch (Collets Kotletten, Filets Kotletten, Cordon bleu, Gehacktes, Schwengsbauch, Ragout) fir 182€
- Bunte Bentheimer Rucki Zucki Box; 3kg Fleesch (Geschnetzeltes, Gehacktes an Hamburger vum Schwäin) fir 72 €
Den Detail sou wei d'Präisser fannt Dir och hei https://kopphaff.eu/unsere-produkte/
Bestellungen ginn bis den 15.10.2026 Owes ugeholl.😊
Ofhuele kënnt Dir Är Commande Freides ëmmer vu 16.00-17.30h oder Samschdes vun 09.15-11.30h.
Samschdes den 25. Oktober hunn mir erëm eis Dieren fir Iech op! Hei kritt Dir Fleesch am Detail, frëscht Brout, Geméis… a villes méi.. .
Kuckt elo den Video iwwert eisen Haff vum Landwirtschaftsministär: https://youtu.be/guY2vW6swhY?si=qS_XGMrrC9fiDfiI
Aus datenschutzrechtlichen Gründen benötigt YouTube Ihre Einwilligung um geladen zu werden.